letzter Glühwein vor Dänemark

April 25th, 2008

Wann der iejhandwann iejhendwéi d’Chance hud, ob live oder och jhust als Opnahm, dann kuckt ierch dat Theaterstéck un…

strange ways

April 16th, 2008

Virun epuer Joer huet een mech gefrot wat Léiwt fir mech bedeiht.
Ech wosst laang net wéi ech et sollt ausdrécken, schlussendlech sot ech Léiwt wier, wann een den aneren Mënsch net als Mëttel, mé als Zweck ungesait.
3 Joer méi spéit hun ech en ähnlechen Virsaaz am Kant sénger Ethik rëmfonnt.
Iwert dem Kant séng Ethik léisst sech streiden; wéi iwerhapt iwer alles.
Mé wéivil Mënschen gët et an déngem Liewen, déis de nie als Mëttel ungesin hues?

Klatsch op enger neier Ebene - oder och: mir brauchen keen Staat, fir d’Iwerwachung

April 15th, 2008

Ech sin denowend nom Seminar am Raum bliwwen, well main Dozent mat mer iwer méng Hausarbecht diskutéiren wollt. Dobai sot en mer dann och, dass en mech gegoogelt hätt, well en “main Numm sou lusteg fënd”. Ech falen aus allen Wollécken. Dat as fir mech eng krass Violatioun vun ménger Privatsphär! Wann en eppes iwert mech wëssen wël, dann soll en mech gefällegst selwer froen. Mé dozou sin ëmmer manner Leit am Stand. Anstatt oppen an onverstalt mat séngem Géigeniwer iwer séng Vergaangenheet an Géiganwart ze schwätzen wann een wëssen wël wourun een mat engem as, kuckt een einfach mol, wat een sou iwert en am Internet fënt. Ech fannen dat einfach ënnert aller Sau. Gud, iwert mech gët et net vil ze googelen. Mé et gët Leit, déi méi Spueren wéi ech am web hannerloßen. An ob se sou frou domat sin, dass d’Méiglechkeet besteet, déi ze retraçéieren, sierf dohingestalt. Wann di Méiglechkeet dann och nach realiséiert gët vun enger Persoun, mat déers de an engem Arbechtsverhältnis stees, dann entsteht eng gang komech Ambiance. Ech jhiddenfalls froen mech dann no dem Gespréich och, ob ech mech net völleg aus dem Internet zeréckzéihen soll.
Iwregens kéint ech mech grad selwer mam Fouss an den Arsch rennen, dass ech him dat net gesot hun, wéi schaiss ech séng Aktioun fannen. Mé ech wollt mer d’Zesummenarbecht iejhendwéi net ganz verdiewen. Ech sin zwar jhust nach een Semester hei, mé dat Semester huet grad eréicht ugefaangen, an ech muss ausgerechent bei him méng alleréicht Hausarbecht schreiwen. Dobai war en mer vun Ufank un sou sympathech. Ech fillen mech grad trotzdem wéi den leschten Arsch, dass ech naicht gesot hun, egal aus wéiengen Grënn. Damnit!

edit: Mir as grad opgefall, dass een et kéint ongereimt fannen dass ech vun Privatsphär an engem Kontext mam Internet schwätzen. Dobai bedenkt w.e.g. Situatiounen wéi zB dass villes iwert een am Internet kann stoen, wat een selwer net drangesat huet. An an den Archiven vun Zeitungen fent een och sou munches. Ech froen mech zb, ob heen mech och dann zu enger Café-talk-session iwer di Hausarbecht angelueden hätt, wann en en Artikel am online Archiv vun enger Dagheszeitung fonnt hätt, an déer een gewuehr géif gin, dass ech eng Kéier eng fléihen gelos hätt?

all different, all equal

April 15th, 2008

Lo grad um Heemwee sin epuer Punks mat mer an d’S-Bahn geklommen an hun ugefaangen eng Fra, déi ech sou ëm di 50 schätzen, op eng extrem pointéiert an matleedslos Art&Weis erofzemaachen. Amfong hun se mat hierer Attack, déer et vum Inhalt an vum Ausdrock hier net un Intelligenz gemangelt huet, wuehl awer un Mënschlechkeet, déer Persoun hiert onangeschränkent Matleefertum entlarvt. Mé sie hun et weder gemaach, fir déer Fra eppes ze bréngen - sou armséileg wéi se ausgesin an drangekuckt huet, hätten sie se bei hierer schlechter Absicht sollen mat Rouh loßen - , nach, fir aner Leit op eppes opmierksam ze maachen, sondern einfach jhust, fir hiert eegent Ego ze kicken. Dat as iwerhapt dat, wat mech un dem ganzen Punk an un villen aneren Attituden/Bewegungen esou stéiert, dass ech et finalement oflehnen: ech gesin néirens en didaktechen Unsaz. (Ech wees selwer an wéiengem Moß dat elo no Moralapostel mat Hornbrëll kléngen muss, mé gid mer eng Chance, dat ze konkretiséiren). Mé net nëmmen ënnert déer Gesënnung, sondern iwerall widerhëlt sech dat selwecht Szenario: Mënschen, déi aneren Mënschen d’Wouherecht dohin katzen, net, fir hinnen ze weisen, wat se stéiert, an driwer ze diskutéiren, mé jhust, fir sech selwer besser virzekommen.
Den Max Frisch huet eng Kéier gesot, dass een dem aneren d’Wouherecht soll dohinhalen wéi en Mantel, sou dass en dranschlüpfen kann, sech begleed fillt, anstatt ausgesat, an dem Moment, wou en eppes iwert sech oder eppes wat mat him ze din huet, gewuehr gët, wat em ënner Emstänn - meechtens - net sou gud gefällt.
Genausou soll dat ménger Menung no och geschéihen. Mir hun all eppes un dëser Gesellschaft an un den Eenzelnen, déi se bilden, auszesetzen; mé anstatt dass mer eis Gedanken driwer maachen, wéi mer hinnen eis Menung sou matdeelen, dass se eng Chance hun, fir sech Gebrauch dervun ze maachen an weiderzekommen an hierer Charakterbildung, trëpplen mer se mat Féiss - wann mer dann iwerhapt d’Traipen hun fir eppes ze soen. An genau sou geschitt et eis selwer och. Wie du mir, so ich dir. Dobai - an hei graifen ech rëm op den Frisch zréck - sollten mer alleng schon aus Neechstenléiwt versichen, di aner an hierem Wandel ze begraifen. An net als feststoend, an eis dann en Bild vun hinnen maachen, wat genau sou statech as, wéi mir eis sie virstellen, wat doropshin noutgedrongen d’Méiglechkeet op jeglechen Dialog fir Besserung erstéckt. Mir sin all fehlerhaft. An mir wéilten och net, dass en aneren eis mam Fouss an den Arsch rennt fir eis drop opmierksam ze maachen.

Mé vilait sin mer einfach ze blöd dofir. Jhiddenfalls beweisen mer eis dat ëmmer rëm andems mer eis schon bei sou Bagatellen, wéi Äusserlechkeeten géigensaiteg oflehnen. D’Punks gin vun den Hip-Hop’er domm gekuckt, d’Hip-Hop’er vun den Rocker, d’Rocker vun den Raver, d’Raver vun den Hippien, d’Hippien vun den Gothic’er, d’Gothicer vun den Reliëisen, etc etc etc - hun ech genugh Klischéen versammelt oder hätt der der gear méi? An sou geet et virun: drénks d’op engem Rock Concert keen Béier, gëss de höhnech belächelt, drénks d’es allerdings op engem HC Concert, treffen dech mindestens 10 agressiv du-Sklav-vum-Alkohol-an-vun-der-Konsumgesellschaft- Blécker op eng Kéier, gees de faarweg ungedoen op en Metal Concert, froen se dech op d’Sonn der ëmmer aus dem Arsch schéngt, gees de schwaarz ungedoen op en Esoteriktreff, mengt jhiddereen du häss eng Depressioun, an alt erëm sou virun.
Dat kléngt elo alles idiotech? As et och. An genausou idiotech fannen ech di Haltung, déi mer anhuelen, wann et ëm mi wichteg Saachen geet. An net dass een mengt, ech wéilt mir an der ganzer Saach eng waiss West undichten; ech kommen den Leit och heiandsdo domm; neemlech dann, wann ech fannen, dass se ze oft eppes dommes soen oder maachen . Also villen Leit an oft, an mir selwer och.
Nee, mear schéngt d’Sonn net ëmmer aus dem Arsch, am Géigendeel, et reent oft draus, as jo och eng subtropech Géigend, an wehe, ech fänken un ze donneren! Dann gët et schéin… (An wem dat wat ech soen net gefällt, as mat deser Metapher d’Méiglechkeet gin, et als - Achtung Euphemismus - op-d’Toilett-goen ze verstoen.) An lo grad sin ech amgang an huelen zum Rondëm Schlagh aus - Chuck Norris Roundhousekick souzesoen.
Et mëcht mech einfach rosen, wann ech aus Erfahrung muss zougin, dass den Hobbes wahrscheinlech Recht hat, wéi en sot, den Menschen hier Glaichheet géif doran bestoen, dass se all total asozial sin. Mir sin all ungraifbar, an mir sin all doran d’selwecht, dass mer een un dem aneren ausgerechent déi Potentialitéit verwierklechen.
Et kann dach och anecht goen. Mir sollen jo net glaich an sou eng Friede-Freude-Eierkuchen Welt ofdriften wou naicht méi éiherlech as. Mé mer kënnen probéiren
éichtens: d’Bagatellen ganz op der Sait ze loßen
zweetens: bei Sachen déi eis wichteg sin ze kommunizéiren, wourënner ech wéi gesot net verstin sech géigensaiteg zur Sau ze maachen
drëttens: eis an di aner als dat begraifen wat mer sin, neemlech en Mëschwiesen, weder schlecht nach gud, en potentiellt Alles, an doropshin déi Aspekter exhortéiren an weiderentwécklen, déi positiv sin
véiertens: eis géigensaiteg dozou verhëlefen OUNI eis dowéinst wéi di gréissten Samariter an soumat als iwwerléen virzekommen. (Wat jo souwisou totalen Nonsens wier wann jhiddereen dat bei jhidderengem unwend.)

Sou. An dat alles wéinst 2Minuten S-Bahn Fueren ;)

Raf 2008

April 10th, 2008

Ech fannen et alt erëm imens, dass Eternal Tango di eenzeg lëtzebuergech Band sin, déi um Raf spillt.
Net, dass ech eppes dergéint hätt, dass sie spillen - ech hun se nach nie live gesin (wat och mol net virsätzlech sou as mé einfach doduerch, dass et sech nach nie ergin huet). Mé eben dogéint, dass se di eenzeg sin. Et gët souvil Bands, déi nach laang net sou bekannt sin an sech fuerchtbar iwer di Chance, virun souvillen Leit kënnen ze spillen, géifen fréen. Den internationalen Line up weart schon genugh Leit unzéihen fir d’Keesen ze fëllen. Dann kéinten d’Organisateuren och eppes fir di lokal Musikszen maachen. Mé den Prinzip schéngt net unkomm ze sin. Wou lait den Problem?

epuer Gedanken vum Dagh…

April 8th, 2008

as et en Zoufall, dass d’Olympech Flaam grad dat Joer Problemer huet unzebleiwen, wou den Host en Land as wat en anert sait iwer 50 Joer ënnerdréckt an séng Kultur verstümmelt?

den Descartes war en ganz intelligenten Mann, mé wann en ufänkt iwer Gott ze schwätzen wéilt ech am léiwsten d’Buch zouklappen. Hei en Anbléck: “Es ist durchaus wahr, dass man an Gottes Dasein glauben muss, da es ja in den heiligen Schriften gelehrt wird, und umgekehrt, dass man an die heiligen Schriften glauben muss, da sie ja von Gott stammen - der Glaube ist nämlich ein Geschenk Gottes, und daher kann der, der die Gnade verleiht, an das übrige zu glauben, auch geben, dass man an sein Dasein glaubt - dennoch, Ungläubigen kann man dies nicht vorhalten, denn sie würden es für einen Zirkelschluss erklären.” passend dozou huet den B mer dësen Link ungin:
http://www.elftor.com/elftor.php?number=36

ech hun mer dësen Weekend Dreads gemach, an d’Reaktiounen vun den Leit sin sou ënnerschiddlech - dat geet vun dégoutéiertem Auswaichen bis zu euphorechem Zoustëmmen an dem Angebot, mer beim Gehäkels ze hëlefen. wat mech allerdings iwwerrascht, as dass ech keen itch derbai verspieren ze denken dass ech mer méng Hoer weart ofschneiden falls se naicht gin… schließlech hat ech lo sou laang Zait sou laang Hoer…

vun Platon kritt een einfach net genugh, egal wéi oft een vun denen selwechten Thesen héiert, et bleiwt ëmmer saugail.

Zitat vum Dagh: main Dozent iwer dem Sokrates séng Verurtdeelung: “Als er dann beim 2. Abstimmungsdurchlauf die Leute angegriffen hat haben sich viele angepisst gefühlt und da war der Ofen aus.”

wann een mat souengem wonnerbaren Mënsch zesummen as wéi dem B dann kënt een iejhendwann op den Punkt wou een den Nopren dann awer nach an Gedanken vil Spaß wëncht; well een einfach sou iwwerglécklech as dass quasi naicht een erschütteren kann. ech soen dir souvil merci dofir :x

fuck!

April 4th, 2008

méng Nopren hun schon rëm Sex, an ech hun schon rëm keen!

i hate long distance relationship!

Saachen déi ech am Wanter vermësst hun, an déi lo lues an lues zeréckkommen…

April 2nd, 2008

den Geroch vum Asphalt nodems et drop gereent huet

an denen Stonnen techent der Nuecht an dem eigentlechen Mueren z’erweschen an duerch den Rideau ze mierken, dass den Horizont schon ganz liicht hell as

als éicht nom Opstoen d’Fënster opzemaachen an d’Villecher ze héiren

wootlech Loft ze spieren déi net aus der Heizung stamt

mech net mussen vun Keelt ze flaissen wann ech aus der douche kommen

Räck ouni Boxen drënner kënen unzedoen

richteg Loscht op Uebst an Glace ze hun

am Gras ze leien an deen Geroch anzeothmen

mueres einfach jhust an en Bermuda, en Top an Sandalen ze schlüpfen

rëm the latest kiss vun Standstill beim ënnerwee-sin ze lauchtren

feieren um Strand

Lagerfeiergeschichten/lidder

an der Dämmerung um Schëfflénger Bierg ze sëtzen an Belval nozelauchtren

d’Gelände vun der Kufa wann d’Sonn ënnergeet

nuets um 3 op engem Giëwel an der hollerecher Strooß ze sëtzen an mat dir ze schwätzen

no engem laangen Schaffdagh rauszekommen an di séiss-schlummereg Atmosphär vum fréihen Owend opzesaugen

nuets zesummen zu Athus baussen niewt dem Chalet ze sëtzen an lauter fetteg Saachen z’iëssen

Poulet mat Grompren op den Areler Maart sichen ze goen

Baggerweiherdeeg

Grillparty am vertrauten Krees

Sommergewitter

querfeldein zu déer wëller Kreiderwiss ze goen wann schon den ganzen Dagh d’Sonn drop geschéngt huet, an all di Dëft déi d’Hëtzt fraigesat huet bewosst ze richen, kuerz ier d’Atmosphär ofkilt an se sech rëm zréckzéihen

buerféiss ze lafen

an all déng Geechter verbridderen sech an quälen dech net

Blogëmwälzungen

March 31st, 2008

mir fehlt an méngem neien System di Plaaz op déer ech mech iwert den Alldagh ausloßen kann ;)
dofir lo eng kleng Emfro:

fannt der et besser
a) wann ech déi Baitreeg rëm op dësem blog posten, sou wéi et am Ufank war
b) wann ech en zweeten blog extra fir déi Posts opmaachen
c) di Alldaghserzielungen zwar och op dësen blog setzen, mé se no enger Woch rëm rofhuelen, sou wéi ech dat lo an enger Testphas mat epuer Baitreg gemaach hun
d) oder soll ech einfach keng sou Dommheeten méi zielen
?

und ruhig blickt und schweigt das Meer

March 30th, 2008

ich habe versucht die Welt neu zu vertäuen
an jedem meiner Enden ein Seil
die Schollen driften trotzdem weiter voneinander
Freiheit
Seele
Liebe
Sehnsucht
wo werdet ihr einst sein
und welchen vierten Teil von mir wird jeder mit sich tragen

Ursprung gibt es kaum
im Wasser faulten die Wurzeln
man treibt weil man nicht treiben will
und der Geruch von festem Land
streift
einen nur noch mit geschlossenen Augen

ein Schmerz in dir
lässt alles grau aussehn
während du zerreißt singst du die schillerndsten Lieder
irgendetwas muss doch übrig bleiben
ein Stück kristallenem Bernsteins
wenn alles im Moor versinkt